Aktualiséiert den
Ëmweltprozeduren
Bei der ANA engagéiere mir eis fir eise Planéit ze schützen a fir d'Zukunft eng nohalteg Loftfaart ze garantéieren. Mir si stolz eis Ëmweltpolitik ze respektéieren andeems mir di bescht Moossnamen implementéiere fir eisen Ëmweltimpakt ze reduzéiere wärend mer d‘Sécherheet a Qualitéit vun eise Servicer erhalen.
Eis Engagementer:
- Eng ëmweltbewosst Kultur ënnert eise Mataarbechter a Interessegruppen ze stäerken.
- Eng Zesummenaarbecht mat eise Regierungsautoritéiten, dem Public an eisen aneren Interessegruppen, fir méi Ëmweltschutz an Nohaltegkeet.
- Eisen Ëmweltimpakt zu minimaliséieren duerch eng méi ëmweltfrëndlech Loftfaart.
- De Kaf vun erneierbarer Energie a méi nohaltege Produkter.
- Eng Iwwerwaachung an eng stänneg Verbesserung vun eiser Ëmweltleeschtung.
- Eng Reduzéierung vum Kaméidi an aneren Emissiounen duerch eng Optimiséierung vun den operationelle Prozeduren.
- D'Konformitéit mat den Ëmweltreglementer an den Ëmweltnormen assuréieren.
- Klimaneutralitéit erreechen, an d‘Ënnerstëtzung vun der Loftfaartindustrie d‘Net-Zero Ziel bis 2050 ze erreechen.
An eiser Ëmwelterklärung hei ënne fannt Dir déi lescht Mesuren, déi mir geholl hu fir Ëmweltfroen unzegoen an nohalteg Praktiken am Loftnavigatiounssecteur ze fërderen.