2023 ASB meeting zu Amsterdam

Den 21. Mäerz hunn sech d'FABEC ANSP Chefdirekter an hir militäresch Kolleegen am LVNL Sëtz zu Amsterdam getraff.

Den éischten ANSP STRATEGIC BOARD fir 2023 gouf vum Claudio Clori, CEO vun der ANA a President vun der FABEC ASB 2023 presidéiert.  

ASB Meeting Amsterdam
(lénks no riets) Christophe Hindermann (Rep French MIL), Nadine Meesen (Vice Chair AFG), Nancy Lesire (Rep. Belgian MIL), Hermann Rathje (Strategic advisor ANA), Bertina Ho-Mock-Qai (Strategic advisor DSNA), Thierry Hirtz (Strategic advisor ANA), John Santurbano (Director MUAC), Daniel Liu (Strategic advisor MUAC), Florian Guillermet (CEO DSNA), Sabine Hornig (Strategic advisor DFS), Claudio Clori (Directeur ANA and Chairman ASB), Arndt Schoenemann (CEO DFS), Michiel van Dorst (CEO LVNL), Johan Decuyper (CEO skeyes), Geoffroy Ville (Deputy CEO DSNA), Francois-Xavier Prach (Chairman AFG), Maartje Van der Helm (Strategic advisor LVNL), Alex Bristol (CEO Skyguide), Peggy Devestel (Strategic advisor and COO skeyes).

Zënter der Grënnung vum FABEC am Joer 2012, hunn d'Welt an d’Prioritéiten sech verännert: De Fokus läit ëmmer méi op Käschten, Wäert an Nohaltegkeet, woubäi den Aarbechtsmaart sech fir d’Personal, spezifesch fir Fluchkontroller schwéier deet. D‘ASB huet d'Fro opgeworf, ob déi aktuell Strukturen an Aktivitéite adaptéiert sinn.

Dobäi huet Si d'Ambitioune vun de Loftverkéierorganisatiounen, hir strategesch Ziler an déi méiglech zukünfteg Struktur an Organisatioun diskutéiert.
Konzentréiert gouf sech ausserdeem  op eng weider Streamlinéierung a Verstäerkung vun der gemeinsamer Aarbecht fir de Benefice vun den zivillen a militäresche Loftraumbenotzer.

Aktualiséiert