D'Fluchsécherungsverwaltung (ANA), déi dem Ministère fir nMobilitéit and ëffentlech Aarbechten ënnerstallt ass, ass de lëtzebuerger Fluchsécherungsdéngleeschter.
Attributiounen
Hier Haaptaufgabe ëmfaassen :
- d'Geréiere vum Loftverkéier am lëtzebuerger Loftraum an zousätzlech an engem Deel vum ugrenzende Loftraum;
- d'Garantéiere vun enger adequater Ofdeckung vun dësem Loftraum mat Radionavigatiouns-, Radar- an aeronautesche Kommunikatiounssignaler;
- d'Sécherstelle vun de Verkéiersservicer vun de Loft- a Buedemgefierer op der Piste an den Taxiwayen;
- d'Liwwere vun aeronauteschen Informatiounsdéngschter;
- d'Liwwere vu meteorologeschen Déngschter;
- d'Sécherstelle vum Ënnerhalt vun der Beliichtung op der Piste an den Taxiwayen an d'Garantéiere vun der Stroumversuergung vun den Installatiounen an den Anlagen um Fluchhafen;
- d'Geréiere vun der Wëlldéieregefor an d'Promovéiere vum Erhalt vun der Natur;
- d'Geréiere vu Sécherheets- a Qualitéitsprogrammer.
D'ANA ass e Member vum FABEC "Functional Airspace Block Europe Central", eng Initiative vun der Europäescher Kommissioun fir international Loftraum-Bléck ze kreéieren. D'Fluchsécherungsdéngleeschter vu sechs Länner (Lëtzebuerg, Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Schwäiz) an Eurocontrol Maastricht UAC sinn an dësem gruppéiert.